Brave's alternative music school

NEWS

Happy summer-holidays

Bonne vacances

Léiw Schüler,
léiw Elteren,
léiw Musekerfrënn,

d’Schoulen sin hei zu Letzebuerg schons an der Summerpaus a meng Musekschoul Bamss huet haut fier d’lescht hier Dieren nach op. Duerno geet ett och bis September an de Congé.

Gott, waat e Joer! Wou soll ech nemmen ufänken; ett wor nawell nees enn absolut flott musekaalesch ann aawer och herausfuerdernd Schouljoer. Dobäi kommen die „perséinlech“ Hürden/Challenges ewéi zB d’Plenneraktioun vu Putscheid op Schwebach, de Verloscht vu léiw Menschen aus der Famill a Bekanntekrees, meng Sportsverletzung wou ech nach emmer an der Rééducatioun sin, d’Pandémie, den „europäischen“ politeschen Konflikt ann oppgrond vun den politeschen Décisiounen hei a Letzebuerg, de Risiko, als Indépendant duerch finanziell Grënn d’Handduch ze werfen.

Mat grousser positiver Energie, Kraaft a Liewensfreed, mat vill Léiwt a Respekt un ons Matmenschen, kann ech als Besetzer vun der Musekschoul Bamss soen, datt ett dennoch ee vun deene beschte Schouljoren wor, waat ech erliewt hun. Alt nees e grousse Beweis, wie staark Musek ka sin…

All meng Schüler hu ganz Joer super matgeschafft, di meescht hun hier musekaalesch Zieler ereecht. Ett goufen nawell desst Schouljoer vill begeeschternd „blenkend“ Schüler-Aan vu villen Teilnehmer a mengen musico-pädagogesch Aktivitéiten (bei iwert 1700 Kanner hun ech oppgehaalen ze zielen).

Villmols Merci fier di flott musekaalesch Momenter, merci un de ROCKLAB aus der ROCKHAL, un d’Fondation EME, un Pédiatrie CHL, enn decke Merci geet och un déi koncernéiert Maison Relais, Foyers, Internats a Schoulen hei zu Letzebuerg wou ech konnt e Museksatelier haalen, un den ZEFI fier kenne e bessi iwert Inklusioun ze schwätzen (jo, Bamss as eng inklusiv Musekschoul). Merci un all meng Schüler déi hier Motivatioun, Musek ze maachen, hei an d’Bamss geluet hun. Enn decke Merci geet och un d’Institut SANA-VIA, wou elo Bamss situéiert as!

Dir hudd desst Schouljoer zu engem erfollechräichsten Joer gemeet ann dofier sin ech musekaalesch herzlech a respektvoll mat irch connectéiert, motivéiert ann mat der Kraaft vun der Musek weider ze maachen.

Als DeeJay bedanken ech mech och herzlech fier di geniaal Optrëtter déi ech desst Joer opp Gebuetsdeeg, Hochzäiten oder a munch Bars, haat. E grousse Merci geet och do un een vun den Night-Life Meeschteren, den Härr FRINGS Luc, fier säi Vertrauen a meng DeeJay-Qualitéiten. Ab der nexter Rentrée sin ech nees als „Resident“ an der PISSENGER HÜTT öfters ze héieren.

Ech wenschen irch enn erhuelsame Summer a ganz vill Spaass nach beim Weider musezéieren!

Äre Brave

PS: Waat elo Kueren fier di next Rentrée hei an der Bamss ubelaangen, ewéi Gitaar, Ukulele, Gesang, HandPan oder soss welch musico-pädgogesch Atelieen, nun, ech muss feststellen datt fier di next Rentrée nik méi vill Plaaz fräi as.

Bei weider Informatiounen dirft dir gären mir op info@bamss.eu schreiwen!

 

Real Time Spinners

Rocklab meets Real Time Spinners

 

MusicPower with horses

Handpan Session with horses

Bamss auf YOUTUBE

Die Musikschule Bamss auf YOUTUBE: musicschool bamss

Music without instruments by ROCKLAB PART 1

This tutorial is for everybody who likes to jazz up their sense of rhythm with some handmade beats! Meet Brave, your instructor, who will guide you step by step through a series of fun rhythm games. You don't even need an instrument! No musical prerequisites needed / recommended age 6+.

Rhythm is it!

 

Music without instruments PART 2

You want to level up those handmade beats? Brave will show you how it's done: All you need to do is to get some kitchenware and start jamming some rhythms!

Have fun!

 

Music without instruments PART 3

Rocklab for KIDS & TEENS Cool rhythms with Brave! PART 3

From school material to musical instruments!

Fetch some of your school stuff (ruler, pen, stapler, and a pad) for this unusual lesson! Brave (BAMSS) will show you how to turn those everyday objects into fun percussion sounds and give it some rhythm.

#rocklab
#makemusic
#youngaudience
#jeunepublic

Have fun!